Fleeschfrësser

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Léiw am Gaang, e Gnu-Kallef ze friessen.
Sarracenia rubra, eng Planz déi Fleesch frësst.

Fleeschfrësser (och Karnivoren; vum lat. carnis ‚Fleesch‘ a vorare ‚friessen‘, oder Zoophagen, vum gr. ζῷον zoon „Liewewiesen“ a φαγεῖν phagein „friessen“) ginn Déieren, bestëmmt Planzen a Pilze genannt, déi sech haaptsächlech oder vu soss näischt wéi Tissuë vun Déieren ernieren.

Domat ënnerscheede se sech vun de Planzenfrësser (Herbivoren), déi bal nëmmen oder nëmme planzleche Kascht friessen, a vun den Allesfrësser (Omnivoren), wéi de Mënschen, deenen hire Regime souwuel op planzlecher wéi déierescher Basis ass. Als Louderfrësser ginn do dergéint Organismen bezeechent, déi sech vu Louder ernieren, d. h. Déiern, déi schonn dout waren, ier se se fonnt hunn.

Zu de Fleeschfrësser gehéieren Déierenaarte vu bal all Déierestamm. Bei de Mamendéieren zielen dozou z. B. Aarte vun den Uerdnunge Raubdéieren (Carnivora) a Zantwalen, ausserdem där aus der Uerdnung Dasyuromorphia, eenzelene Vullenaarten wéi Gräifvigel oder Fëschaarten wéi vill Haien. Ënner de Glidderféisser ass Karnivorie ganz verbreet. Déi meescht Spannendéieren (Arachnida), virun allem Wiefspannen (Araneae) a Skorpiounen (Scorpiones) erniere sech bal nëmme vun aneren Arthropoden. Milben (Acari) a Wiewerkniechten (Opiliones) sinn do dergéint nëmmen deelweis karnivor. Och ënner den Insekten ginn et eng jett karnivor Gruppe, z. B. Raubwanzen (Reduviidae), d'Majoritéit vun de Lafkiewerlekaarten (Carabidae), an d'Hautflügler (Hymenoptera). Ënner deene leschtgenannte si vill Parasitoiden ze fannen.

Fleeschfrësser (Carnivore) sollten net mat der Uerdnung Raubdéieren (Carnivora) verwiesselt ginn. Carnivora sinn net onbedént all Karnivoren an d'Karnivoren net zwangsleefeg Carnivora, well et och Fleeschfrësser gëtt, déi net zu der Uerdnung vun de Raubdéiere gezielt ginn, wéi och Raubdéieren, wéi vill Bieren, déi méi Planzen- wéi Déierekascht friessen, an dofir Omnivore sinn.